Vergaangen Aktivitéiten

Nächst Aktivitéiten

E Freiden, den 22. Mäerz konnte mir zu Dikrech eis Generalversammlung ofhalen. De Guy Klein huet eis ee flotte Film iwwert eis Aktivitéite vum leschten Joer gewisen. Den Highlight war de Virtrag iwwer d'Wëlldéierestatioun zu Diddeleng.  

2024_03_22_Generalversammlung

Mir hunn eng immens flott Noriicht:

 

Eis beléiften Traditioun vum Léiffrawëschdag gouf no enger Ufro vun eiser Säit mat der Hëllef vum Kulturministerium an der Ënnerstëtzung vun natur&ëmwelt, der Greiweldenger Leit a.s.b.l. an dem Erzbistum den 29. Oktober 2020 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe vum Groussherzogtum Lëtzebuerg opgeholl.

 

Weider Informatiounen fannt Dir ënnert dësem Link:
Arrêté Léiffrawëschdag

img_mission

D'Sektioun natur&ëmwelt Nordstad besteet aus Fräiwëllegen, déi sech fir den Naturschutz an de Gemengen vun der Nordstad asetzen. Mir engagéieren eis fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an den Aarteschutz an enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft.

Fir dat Ziel ze erreechen, organiséiere mer dat ganzt Joer iwwer Aktivitéiten a Weiderbildungen zum Theema Naturschutz (Chantiers Nature, Vigelberéngungen, geféiert Wanderungen, Uplanzungen, Uebstbeemschnëttcoursen, Waassermärelskëschtekontroll, Krautwësche bannen a villes méi...), bei deenen interesséiert Bierger häerzlech wëllkomm sënn.

Mir bidden och vill familljefrëndlech Aktivitéiten un. Mir féieren och all Joers Zielunge vu Kormoranen op der Mëttelsauer duerch. Ausserdeem këmmere mir eis ëm d'Rettung an d'Fleeg vu blesséierte Vullen an anere Wëlldéieren a sti jiddwerengem, dee Froen zur Natur huet, gär mat Rot an Dot zur Säit.

Mir setzen eis net nëmme fir den Naturschutz an, mee mir wëllen och deenen Interesséierten d'Freed an de Genoss un der Natur méi nobréngen. Falls Dir interesséiert sidd un eisen Aktivitéiten deelzehuelen oder Froen am Zesummenhang mat der Natur hutt, fannt Dir eis Kontaktdaten an Aktivitéiten hei um Site.

Mir freeën eis op all Fräiwëlleg, déi sech engagéiere wëllen a Freed un der Natur hunn.

Publikatiounen
Blog

Neiegkeeten

Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun1 Tag vor
De Programm vun „En Dag an der Natur“ ass disponibel!
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun5 Tage(n) vor
Generalversammlung zu Dikrech am ANF Gebäi.
Mat engem Virtrag iwer d'Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng.
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun1 wochen vor
Leschte Samschdeg, de 16. Mäerz, waren zu Dikrech d'Generalversammlung an de Kongress vun natur&ëmwelt, déi mir dëst Joer als Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun matorganiséiert hunn.

Hei e puer Andréck. Nach méi Fotoe fannt Dir op eisem Internetsite: https://naturemwelt-nordstad.lu/index.php/gallerie/?sgdg-path-34be49f0=1zcc6UikseXwIRYLTSr0R5X_COD1M7meO

(Fotoe vum Guy Klein).
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun1 wochen vor
Dëse Freiden, den 22. Mäerz, hu mir vun 19:00 bis 21:00 Auer eis alljärlech Generalversammlung zu Dikrech am Gebai vun der ANF (81, Avenue de la Gare, L-9233 Diekirch). Ënner anerem erwaart Iech eng Videopresentatioun iwwer eis vergaangen Aktivitéiten an e Virtrag iwwert d'Wëlldéierestatioun zu Diddeleng.

Jiddereen ass häerzlech invitéiert fir ze kommen!

Weider Detailer fannt Dir op eisem Internetsite:

NordstadGemengen

2016 hunn déi zwou natur&ëmwelt-Sektiounen Dikrech an Ettelbréck sech dozou entschloss eng nei regional Nordstad-Sektioun ze grënnen. D’Sektioun ëmfaasst all Nordstad-Gemengen: Dikrech, Ettelbréck, Schieren, Colmar-Bierg, Ierpeldeng a Bettenduerf.