Nächst Aktivitéiten
D'Sektioun natur&ëmwelt Nordstad besteet aus Fräiwëllegen, déi sech fir den Naturschutz an de Gemengen vun der Nordstad asetzen. Mir engagéieren eis fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an den Aarteschutz an enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft.
Fir dat Ziel ze erreechen, organiséiere mer dat ganzt Joer iwwer Aktivitéiten a Weiderbildungen zum Theema Naturschutz (Chantiers Nature, Vigelberéngungen, geféiert Wanderungen, Uplanzungen, Uebstbeemschnëttcoursen, Waassermärelskëschtekontroll, Krautwësche bannen a villes méi...), bei deenen interesséiert Bierger häerzlech wëllkomm sënn.
Mir bidden och vill familljefrëndlech Aktivitéiten un. Mir féieren och all Joers Zielunge vu Kormoranen op der Mëttelsauer duerch. Ausserdeem këmmere mir eis ëm d'Rettung an d'Fleeg vu blesséierte Vullen an anere Wëlldéieren a sti jiddwerengem, dee Froen zur Natur huet, gär mat Rot an Dot zur Säit.
Mir setzen eis net nëmme fir den Naturschutz an, mee mir wëllen och deenen Interesséierten d'Freed an de Genoss un der Natur méi nobréngen. Falls Dir interesséiert sidd un eisen Aktivitéiten deelzehuelen oder Froen am Zesummenhang mat der Natur hutt, fannt Dir eis Kontaktdaten an Aktivitéiten hei um Site.
Mir freeën eis op all Fräiwëlleg, déi sech engagéiere wëllen a Freed un der Natur hunn.
Publikatiounen
2024_03_22_Generalversammlung
Neiegkeeten
Trotz dem wiesselhafte Wieder ware vill vullebegeeschtert Mënschen de Weekend beim Birdwatch zu Lëtzebuerg ënnerwee. Op eisem Event bei de Weiler Weieren an um Birdwatchday am Biodiversum konnte mir 5.000 Staren, 250 Kandagäns an 48 Schwaarz Graatsche zielen. 📝 Merci u jiddereen, dee mat dobäi war! ❤
📸 All Detailer zu den Zuelen a nach weider Biller vum Weekend fannt dir hei 👉www.naturemweltasbl.lu/de/eurobirdwatch-2025/
Dir hat de Weekend keng Zäit? Da kommt den 11. Oktober op de Birdwatch op Iwwersiren. 📩 Umeldung: schlammwiss@gmail.com
-
🇫🇷 27 000 personnes ont participé en Europe, avec plus de 2,8 millions d'oiseaux recensés! 🐦🎉
📝 Merci à toutes et à tous pour votre participation ! ❤️
📸 Tous les détails et photos du week-end 👉 www.naturemweltasbl.lu/de/eurobirdwatch-2025/
Rejoignez-nous le 11 octobre à Uebersyren pour le prochain Birdwatch !
📩 Inscriptions : schlammwiss@gmail.com
-
🇬🇧 27,000 people took part in Europe, counting more than 2.8 million birds! 🐦🎉
📝 A big thank you to everyone who took part! ❤️
📸 Find all the details and photos from last weekend here 👉 www.naturemweltasbl.lu/de/eurobirdwatch-2025/
Join us for the next Birdwatch on 11 October in Uebersyren!
📩 Register at schlammwiss@gmail.com
Samsdes, de 4. Oktober, hu mir eisen nächste Chantier Nature: Mir këmmeren eis zu Ierpeldeng op der Sauer ëm ee wichtegt Fiichtgebitt, wou mir Kappweede fleegen, Mädesüß méien an Dëmpelen entbuschen.
Treffpunkt ass um 10:00 Auer bei der Kierch. Denkt wgl. drun, Gummisstiwwele matzebréngen.
Weider Detailer, och fir d'Umeldung, fannt Dir op eiser Internetsäit: https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=ein-feuchtgebiet-fuer-die-nordstad-4&event_date=2025-10-04
Mir géifen eis freeën, wann Dir dobäi sidd! #chantiernature
Weider Detailer, och fir d'Anfaart a fir d'Umeldung, fannt Dir op eisem Site: https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=weiler-weieren-euro-birdwatch-weekend-2025
Mir freeën eis op Iech!
#eurobirdwatchweekend
mi Informatiounen fand dir och ënner:
https://www.facebook.com/ministere.culture.luxembourg
https://www.instagram.com/kulturministere.lu/p/DNXPg6hpb5M/
NordstadGemengen
2016 hunn déi zwou natur&ëmwelt-Sektiounen Dikrech an Ettelbréck sech dozou entschloss eng nei regional Nordstad-Sektioun ze grënnen. D’Sektioun ëmfaasst all Nordstad-Gemengen: Dikrech, Ettelbréck, Schieren, Colmar-Bierg, Ierpeldeng a Bettenduerf.